Hannert "Dance and Cook with friends" stiechen de René Kertz, de Pascal Thurmes an de Petz Wahl.

Fir d'Produkteuren ze ënnerstëtzen, gi si dofir hannert d'Kulisse kucken an deelen dat mat hire Follower um Internet. D'Iddi fir "Cook and Dance with friends" hate si wärend dem Confinement. Bis zu zweemol d'Woch si si dann uechtert d'Land ënnerwee a filme bei Lëtzebuerger Producteuren a promovéieren domadder hir Saachen. Virun allem kleng Entreprisë géife vun dëser gratis Reklamm profitéieren.

Zousätzlech organiséiere si dann och nach all zwou Wochen en Event a kachen ee Menü mat Lëtzebuerger Saachen. Dat maache si alles benevole. Bis elo konnt een d'Plazen, fir ze iessen, an de sozialen Netzwierker gewannen. Aktuell muss den Event dann ouni Gäscht gemaach ginn, mee op de sozialen Netzwierker kann een déi awer verfollegen an op d'mannst digital mat dobäi sinn.