E Freideg den Owend sinn den Daniel Donskoy an den Alex Monteiro eis Invitéen am Live! Planet People.

Den Daniel Donskoy kennt een als jonke Paschtouer an der Serie Sankt Maik. Dëse Freideg war Release-Day vu senger Single "24" an hie verbënnt dat mat engem 24-Stonnen-Interview-Marathon. Gebuer ass en zu Moskau a seng Karriär huet e schonn duerch d'ganz Welt gefouert. Vun Däitschland an d'USA, iwwer Israel bis op London. Dem Daniel seng aktuell Single "24" ass am Lockdown zu London a Berlin entstanen, a mat dëser Musek wëll en éierlech eriwwerkommen a seng Gefillswelt mat deenen deelen, déi dat wëllen. Hien ass awer och weider am Tatort mam Maria Furtwängler ze gesinn, spillt a Filmer wéi "Crescendo" oder an internationale Serien wéi "Strike Back", fir seng grouss Panoplie ze weisen.

Den Alex Monteiro ass Psycholog. Aus der Praxis zitt et hien ëmmer nees op d'Bün. Fir d'éischt am Improvisatiounstheater an elo als Comedian. Um Ufank sollt et just e klengen Ausgläich sinn, awer no 10 Joer ass et méi. Hien ënnerhält säi Public op Englesch, Franséisch an heiansdo och Lëtzebuergesch, a schreift elo u senger éischter Show. 2018 huet den Alex den 1. Relais du Rire organiséiert, wou sech eng Handvoll Humoriste mat hirer Konscht fir d'Fondation Cancer engagéiert hunn. Wéinst Corona muss déi 3. Editioun zu Déifferdeng leider ausfalen, awer de 27. November 2021 soll ee sech elo schonn fest notéieren.