Déi glécklech Gewënner vum Online-Voting fir den RTL Publikumspräis sinn d’Nadine Roeder a de Robert Guirsch.

Den 18. Oktober hunn de Pierre Hurt, Direkter vum OAI, an d’Semiray Ahmedova, Deputéiert a Co-Presidentin vum Bauhärepräis OAI 2020, am Kader vum Salon home Expo / Semaine Nationale du Logement 2020 déi zwee Präisser iwwerreecht.

Ënnert bal 6.300 Votten, konnten déi Leit, déi beim Online-Voting matgemaach haten, jeeweils 1 Weekend “A la découverte architecturale et culturelle de la Ville de Luxembourg” gewannen.

Iwwert de Bauhärepräis OAI 2020

Ënnert dem Patronage vum Grand-Duc ginn all 4 Joer, souwuel privat wéi och ëffentlech Bauhäre mat dësem Präis belount.

D’Projeten, déi fir e Bauhärepräis OAI a Fro kommen, musse fäerdeg Projete sinn, déi duerch héichwäerteg Architektur, Baukonscht oder duerch den Amenagement vum Territoire a vum Urbanismus ervirstiechen.

Dëse Präis ënnersträicht d'Vertrauensverhältnes tëscht dem Bauhär an der Concepteursekipp.

Zanter dem Lancement am Joer 2000, ass de Bauhärepräis OAI ëmmer méi erfollegräich ginn. Bei der Editioun vun 2004, waren eng 107 Kandidaturen erakomm, dëst Joer waren et trotz der Kris, 257.

D’Resultater an de Film vum Bauhärepräis OAI 2020 kann een am Detail um Site vum OAI www.bhp.lu, nokucken.