Zu Réimech kann een och als Tourist op Booter matfueren, entweder um RoudeLéif, um MuselSchëff, der RiverDiva oder zanter kuerzem op der Péniche Vintage.

Wat Ufank op engem klengem Boot war, huet sech elo mam Virus op e gréissert Schëff verlagert. Wéi aus enger klenger Iddi duerch d'Corona-Kris eng gréisser gouf, dat huet sech eng RTL-Ekipp méi genee ugekuckt.

Den Dan Kieffer vun Navitours huet den Ament vill ze dinn, virun Wanter heescht et nämlech d'Schëffer wanterfest ze maachen an hien huet ganzer 4 Stéck dovunner, ëm déi e sech mat sengen 2 Associéë këmmere muss.
Wa mer e bëssen an der Zäit zeréckginn, hat den Dan scho ganz fréi mat Booter ze dinn, seng Elteren hunn him seng Passioun souzesoen an d'Wéi geluecht. Säi Papp a seng Mamm si fréier op Frachtschëffer gefuer a hu Wueren uechtert d'Welt gefouert, ma dono hu si sech fir Tourismus-Schëffer entscheet. Mat 17 Joer wosst den Dan deemno schonn, wat e spéider maache wëll.

Seng Iddi war aus engem klenge Boot e Vintage-Boot ze maachen. Eng Iddi, déi dem Dan iwwer Nuecht koum. Zanter Juni, ënnert dem Numm "Péniche Vintage", konnt een dëst kenne léieren an et huet zanterhier vill Succès. Et ass den Dekor an déi lokal Spezialitéiten, déi beim Public beléift sinn, esou beléift, dass d'Schëff virun allem elo mat den Corona-Restriktiounen ze kleng gouf. An deem Kader gouf alles op d'MuselSchëff verluecht.

D'MuselSchëff heescht also elo och Péniche Vintage, den Intérieur erënnert un d'20er Joren, respektiv un d'30er. Och d’Palette u lokalen Iess-Produiten gouf weider ausgebaut. Hei kritt een elo vill Produits du Terroirs.

Eng lokal kulinaresch Rees, an dëst obwuel d'Schëff stationär ass. De klengen Extra: All Miwwelstéck, wéi och d'Iesswueren um Schëff kann ee kafen a mat heem ze huelen.

Nout mécht erfinderesch.