Ze Fouss, per Auto a Metro: Eng New Yorkerin huet e laangen an ustrengende Wee op sech geholl, fir e kranke Schwan an d'Spidol ze bréngen.

U sech wollt d'Ariel Cordova-Rojas en entspaanten Dag am Naturschutzgebitt "Jamaica Bay Wildlife Refuge" a Queens verbréngen. Gemittlech mam Vëlo an de Park fueren, Villercher nokucken an d'Rou genéisse stoungen um Programm. Dass den Dag mat enger Rettungsaktioun vun engem 8 Kilo schwéiere Schwan mat Bläivergëftung géing op en Enn goen, domat hätt déi jonk Fra wuel kaum gerechent.

Un engem Ufer hat d'Gebuertsdagskand d'Déier an engem schlechten Zoustand fonnt. Wéi d'Ariel Cordova-Rojas dem Schwan méi no koum, huet si misse feststellen, dass e weder lafen, nach fléie konnt. Wéinst hirer Erfarung am Vulleschutzzentrum a Manhatten wosst si, dass si direkt agéiere misst an huet kuerzerhand entscheet, mat him bei den Déierendokter ze fueren. Méi einfach gesot wéi gemaach, wann een an enger Milliounemetropol wéi New York wunnt.

Zesumme mat Frënn a frieme Leit huet sech d'New Yorkerin op de Wee gemaach an d'Déier an Nout als éischt ze Fouss, dann am Auto vun enger onbekannter Koppel a schlussendlech per Metro an eng Klinik bruecht, déi op wëll Déiere spezialiséiert ass.

Eleng 2 Kilometer wäit huet si de Schwan an hirer Jackett vum Ufer bis bei den Agang vum Naturschutzgebitt gedroen, schreift d'"New York Times". Si hat verschiddene Déiererettungsdéngschter an och Zoustänneger vum Park kontaktéiert, mä kee konnt hir direkt hëllefe kommen.

Op Twitter huet d'Retterin Fotoe vun dësem besonneschen Dag gedeelt an iwwert den Zoustand vum kranken Déier informéiert.

Et wier e wonnerbaart Gebuertsdagsgeschenk gewiescht, e Liewen ze retten, sou d'Ariel. De Schwan, dee vum him "Bae" gedeeft gouf, gëtt den Ament behandelt a kann an e puer Wochen nees fräigelooss ginn.