E Freideg den Owend waren de Julien Lapraille, Marcel Remus an Oliver Waldbillig eis Invitéen am Live! Planet People.

Dem Julien Lapraille seng Karriär huet mat Top Chef ugefaangen. Virdru war hien awer och schonn a verschiddene Lëtzebuerger Stärenhaiser wéi "Le nouveau Patin d'Or" oder dem "Mosconi". Um belschen RTL kacht hie reegelméisseg de Weekend. All Samschdeg um 17.05 Auer an "La Grande Balade" weist hien, wéi ee séier a gutt kache kann, an um Radio gëtt et samschdes an der Mëttesstonn "les bons vivants", wou och dat belscht Gedrénks net ze kuerz kënnt. De Julien produzéiert selwer Gin a mécht Schockela a wann hien dann nach Zäit huet, fënnt een hien zu Marbehan a sengem Geschäft "Le marché de Julien".

De Marcel Remus kennt een aus "mieten, kaufen, wohnen" op Vox. A wann der eng Luxusvilla op Mallorca braucht, ass hien ären Uspriechpartner. Nodeems en an Niedersachsen grouss ginn ass, huet et hie fir 1 Joer als Austauschschüler an d'USA gezunn. 2006 ass de Marcel mat der Famill op Mallorca ausgewandert. Do huet hie fir d'éischt bei Apassionata als Dressurreider geschafft, ier e sech en Numm mat senger Immobilienagence gemaach huet an haut deier Ville viruverkeeft. Zanter 2014 organiséiert hie seng "Remus Lifestyle Night" mat ville Prominenten an huet och säin eegne Moudelabel.

Den Oliver Waldbillig war am Summer op d'Belsch Plage. Ze Fouss ass hie fir de gudden Zweck vu Lëntgen op Knokke getrëppelt.
De fréiere Konschtturner war op der Sich no enger spezieller Erausfuerderung an huet sech decidéiert, fir eng Vakanz ouni groussen ökologesche Foussofdrock ze maachen. Geplangt waren 12 Etappen, awer déi grouss Hëtzt am Juli an eng Seenenentzündung hunn him d'Liewe schwéier gemaach. D'Zelt an de Gaskocher stinn elo nees am Keller an den Oliver schafft, wéi virdrun, als Kameramann mat senger Steadicam bei verschiddene Filmproduktiounen.