An der Nuecht op en Donneschdeg war an de Babelsberger Studioen zu Potsdam eng méi lass. Wéi et schéngt net just wéinst dem Dréi fir de 4. Matrix-Film.

Wéi d'Bild-Zeitung vun enger Fra, déi op der Plaz war, gezielt krut, soll no Dréischluss uerdentlech gefeiert gi sinn. Vun enger Party mat iwwer 200 Leit geet rieds an dat, obschonns et an Däitschland aktuell Restriktioune ginn, déi dat verbidden.

Den Direkter vum Studio Babelsberg huet dës Rumeur awer zeréckgewisen. Et wier keng reell Party gewiescht, mä eng nogespillten Zeen. Duerno wier ugestouss ginn, well et den Ofschloss vum Dréi war.

Eng 110 Duersteller a ronn 22 Crew-Membere waren an der Hal a solle gedanzt hunn. Aner Zeien hunn ausgesot, dass et eng illegal Party war, souguer mat Pyro-Show. Kamerae sollen deen Ament net do gewiescht sinn.

Ob illegal Party oder geplangte Filmzeen, sou ganz passt dat net mat den aktuelle Corona-Reegelen an Däitschland. An deem Kader huet de Studio-Direkter nach d'Ausso gemaach, dass sämtlech Leit getest ginn. Virum Dréi wiere sämtlech Duersteller op Corona getest ginn a virum Party-Dréi wier och nach ee Schnelltest gemaach ginn. Soss hätt een et och net veräntwerte kënnen. D'Schauspiller wieren all Dag getest ginn.

Dëst huet och déi lokal Autoritéite confirméiert. Et goufen 700 bis 800 Tester d'Woch gemaach. An de Babelsberger Studioen gouf iwwregens zanter 8 Méint um Matrix-Film geschafft.