Bis 2022 wäert ee jo sécher nees kënne feieren, besonnesch awer am Kader vun engem speziellen Evenement: de 70. Troun-Jubiläum vun der Queen.

Nach keen anere Monarch virun der Queen Elizabeth II. souz esou laang um Troun. Elo schonn huet déi brittesch Regierung e puer Detailer zu dësem historesche Jubiläum bekannt ginn an domat och Spekulatiounen ëm e méigleche Récktrëtt gestoppt.

Bis ewell gëtt jo gemunkelt, d'Queen kéint hirem Fils, dem Prënz Charles, op hirem 95. Gebuertsdag am Abrëll 2021 den Troun iwwerloossen. Mat der Annonce vun de Feierlechkeeten am Februar 2022 dierft awer elo kloer sinn, dass dat net de Fall wäert sinn.

4 Deeg laang soll gefeiert, gedanzt a gratuléiert ginn, vum 2. bis den 5. Juni 2022. Souguer en Extra-Feierdag sollen d'Britten vum Staat deen Ament kréien: den 3. Juni. "D'Platin-Jubiläum vun der Majestéit wäert en historesche Moment sinn", sou de Kulturminister Oliver Dowden.

Et soll e ganz spektakuläre Moment ginn zu London an an anere Groussstied, déi et den Awunner erméigleche soll op nationalem a lokalem Niveau  zesummen ze feieren, wéi et um Site vun der Regierung heescht.

De Programm fir d'Feierlechkeeten 2022 gi vum Palais zesumme mam Ministère fir Digitaalt, Kultur, Medien a Sport organiséiert. Weier Detailer ginn an den nächste Méint public gemaach.