"Gëff och du en Held a bleif doheem" esou ass de Slogan vun der neier Anti-Corona-Campagne vun der däitscher Bundesregierung.

D'Campagne ass net ganz eescht opgezunn, huet awer e ganz eeschten Hannergrond. D'Leit kënnen an dëser Kris, an dësem Wanter, zum Held ginn, andeem se doheem bleiwen.

An engem Video gesäit een en eeleren Här, dee sech zeréck un d'Joer 2020 erënnert, wéi hien 22 Joer hat. Hie wier deemools zum Held ginn, well hien net eraus feier war, mä doheem bliwwen ass. "Eis Couch gouf zur Front, eis Gedold war eis Waff" seet de Schauspiller an engem vun de Promovideoen.

An engem zweete Video héiert een eng Fra schwätzen., wéi si an engem Journal bliedert mat Erënnerungen un déi "deemoleg" Zäit. "Speziell Zäite brauche speziell Helden" seet d'Schauspillerin. "An dat ware mir, speziell Helden".

Ënnert dem Hashtag #besonderehelden fënnt een d'Videoen op Twitter.