Mat 11 Joer hat de Jeff Schreiner seng éischt Schlaangen. Do huet alles ugefaangen: Seng Faszinatioun fir Reptilien, Schlaangen a Spannen.

Mëttlerweil léiert de Jeff Schreiner zu Wien op der Uni fir Déierendokter. Zënter 2019 ass hien donieft och wëssenschaftleche Mataarbechter vum Lëtzebuerger Naturmusée, schreift Artikele fir international Déierenzäitschrëften a mécht och gäre Fotoe vun Amphibien a Reptilien. Him ass et wichteg, d'Kanner an déi Jugendlech fir des Liewewiesen ze begeeschteren, ganz nom Motto: Nëmmen dat, wat mir kennen a wat eis begeeschtert, wäerte mir och duerno schütze kënnen a wëllen. An d'Kanner vun haut sinn d'Zukunft vu muer.

Wichteg ass et, sech am Virfeld genee iwwert d'Besoine vun der respektiver Déierenaart z'informéieren, déi ee sech wëll uschafen; sief dat eng Kornnatter, e Kinnekspython, eng Bartagam, e Leopardgecko, e Chameleon, eng Deckelsmouk, eng Spann oder e Fräsch. Éier een esou een Déier mat Heem bréngt, soll een duerfir suergen, datt en Terrarium prett ass. Déi meeschte Reptilie brauche Méiglechkeeten, fir ze klammen a sech ze verstoppen. Do dernieft gëtt niewent engem adequate Buedembelag, Planzen och Wäermeluuchte gebraucht. Ënnert anerem Deckelsmouken a verschidden Eidechse sinn och op UV-Luuchten ugewisen. Fir déi richteg Temperatur an déi néideg Loftfiichtegkeet agestallt ze kréien, soll den eidelen Terrarium puer Deeg an enger Testphas funktionéieren. Et soll am Fong en aartgerechte Biotop am klenge sinn, aus deem en Ausbroch onméiglech ass, esou de Jeff Schreiner.

Vum Ziichter oder aus engem Asyl soll ee sech am beschten ee Reptil uschafen. Et ass ofzeroden, esou een Déier iergendwou an der fräier Natur anzefänken. Beim Ziichter kann een net nëmmen dee Moment, mä och nach spéider, Froen iwwer dat respektiivt exotescht Déier a seng Haltung stellen. Et kann een ënner anerem dann och d'Elterendéiere gesinn. An deem Kontext ass et wichteg ze wëssen, datt 90% vun de Krankheete bei den exoteschen Déieren duerch falsch Haltung kommen.

A sou engem Fall kënnt dobäi, datt de Proprietär dacks eréischt spéit mierkt, wa säin Hausdéier krank ass. Dëst léisst sech doduerch erklären, datt Reptilie keng Mimik hunn an nëmme wéineg Kierpersprooch. Och wann ee se mat der Zäit besser kenneléiert a weess, wéini se relax sinn a wéini net, ass unzeroden, ee Mol pro Joer mat hinne bei de Veterinär ze goe fir eng Kontroll, esou de Jeff Schreiner weider.

Éier ee sech esou ee Reptil uschaaft, soll ee sech bewosst sinn, datt wéi bei all Hausdéier jorelaang Käschten op een duerkommen. Och wann den Akafspräis vu sou engem Déier un sech net sou deier ass, kommen nieft de Fraise vun enger aartgerechter Haltung och eventuell déi vum Veterinär dobäi, wann et krank ass.

Ofhängeg vun der Déierenaart soll een och méi oder manner Zäit pro Dag fir dësen Hobby investéieren. De Jeff Schreiner mécht drop opmierksam, datt ee mat enger Spann, enger Schlaang oder enger Bartagam keng esou eng Relatioun opbaue ka wéi mat engem Hond oder enger Kaz. Déi freeë sech meeschtens op de Schous ze kommen oder op den Aarm. E Reptil toleréiert et héchstens aus dem Terrarium erausgeholl ze ginn.