Lescht Woch hate Rumeuren iwwert dem Karl Dall säi Gesondheetszoustand d'Ronn gemaach, am Gespréich mam däitschen RTL huet säi Meedchen et confirméiert.

Den 79 Joer alen däitschen Acteur a Komiker Karl Dall hat en Hiereschlag. Well d'Doktere séier reagéiert hätten, konnt hien direkt operéiert ginn.

"Zesummen hoffe mir, dass de Karl geschwënn nees op d'Bee kënnt", sot seng 46 Joer al Duechter am Interview. Weider koum vum Janina Dall Nenadic den Appell, d'Privatsphär vun der Famill an dëse schwéieren Zäiten ze respektéieren.

D'Dréiaarbechte vun "Rote Rosen" hu misse wéinst dësem Virfall kuerz ënnerbrach ginn. Den Ament géing un engem neie Skript geschafft ginn, ouni de Karl Dall, heescht et.