E Méindeg goufen op der Websäit vum Sender RFI Noriff iwwer Prominenter aus der ganzer Welt verëffentlecht... déi allerdéngs nach um Liewe sinn.

En technesche Feeler hätt dozou gefouert, dass alleguerten d'Noriff op der Homepage visibel gewiescht wieren. Fir dout erkläert gouf ënnert anerem d'Kinnigin vun England Elizabeth II, de brasilianesche Futtball-Star Pelé, den US-Schauspiller Clint Eastwood oder déi franséisch Schauspillerin Brigitte Bardot.

Wéinst der Pann huet sech de Sender bei de Lieser an de betraffene Persounen op Twitter entschëllegt. Weider huet RFI erkläert, dass Journalisten d'Noriff am Viraus geschriwwen hätten, fir kënne séier op Doudesfäll reagéieren ze kënnen. Dat wier mëttlerweil bei ville Medie gängeg Praxis, schreift de Radiosender.