Dat eent oder anert Fraenhäerz méi séier schloe loossen... Dofir suergt mat Sécherheet den Acteur a Produzent Michael B. Jordan.

All Joer gëtt eng aner Persoun als eroteschste Mann op der Welt gekréint. Wärend der "Jimmy Kimmel Live!"-Show gouf en Dënschdeg bekannt, wien 2020 den "Sexiest Man Alive" ass.

Opgetrueden an engem giele Sécherheetskostüm war säi Gesiicht ufanks net z'erkennen. Mat Jo- an Nee-Froe konnt d'Publikum roden, wien ënnert der Verkleedung stieche géing. Eng Zuschauerin louch esouguer richteg mam Michael B. Jordan, dee Mann, deen dëst Joer wéinst sengem Sexappeal ausgezeechent gouf.

"Et ass e coolt Gefill", huet den 33 Joer ale Schauspiller iwwert seng Nominéierung gesot. Virun allem e puer Fraen aus senger Famill wiere besonnesch houfreg op säin neien Titel.

Zanter 1985 vergëtt de People magazine den Titel "Sexiest Man Alive". Den éischte Gewënner war de Mel Gibson. Nieft him haten och den John Legend, Idris Elba, Blake Shelton, Dwayne Johnson, David Beckham a Chris Hemsworth d'Éier, fir 1 Joer laang als attraktiivste Mann op der Welt ze gëllen.