An der Antik goufe se vergëttert am Mëttelalter du ware se gefaart als Procureure vu groussem Ongléck!

Den Image vun de sougenannte Corvidaen ass och haut nach net dee Beschten. Och wann de Mënsch wëll méi opgekläert ass, an gewosst ass, dat Kueben net nëmme propper ma och héichintelligent a gutt Eltere sinn, vill Virurteeler bleiwen.

Dofir setzen sech Leit an, dat déi gescheit Deieren besser akzeptéiert ginn. Am Reportage gi mer méi iwwert dës Villercher gewuer a leieren, datt et zu Lëtzebuerg 6 verschidden Zorten ginn an et fënnt en se an der Natur an am urbane Raum. Allerdéngs maache se grad, wann se a Kolonie bréien, gären Kaméidi a Knascht.

Am Reportage erkläert d’Elisabeth Kirsch, datt  d'"Stéierungen* ni vun Dauer sinn an dat de Kueb och an der Stad säi Notzen huet. Donieft léiere mer och de Kueb Lazare aus Südfrankräich kennen, deen Dag fir Dag géint de schlechte Ruff am Asaz ass a grouss a kleng bei eise Noperen opkläert. Och un Etüden hellt dëse blëtzgeschéite Kuebemann deel.