E Freideg koum déi traureg Nouvelle, dass den Udo Walz am Alter vu 76 Joer verscheet ass.

Virun 2 Woche soll hien en Diabetis-Schock gehat hunn an duerno an de Koma gefall sinn. E Freideg de Mëtteg ass den Udo Walz gestuerwen, huet säi Mann, de Carsten Tamm-Walz, der "Bild"-Zeitung géintiwwer confirméiert.

Bis viru sengem Doud war hie Besëtzer vu 5 Coiffeurssalonen. Den éischten hat seng Dieren 1985 zu Berlin um Kurfürstendamm opgemaach. 2 weiderer sinn an der däitscher Haaptstad, een zu Potsdam an een op Mallorca.

Ënnert senger Clientèle waren eng Abberzuel bekannte Gesiichter, dorënner d'Heidi Klum, Marlene Dietrich, Maria Callas, Twiggy, Sabine Christiansen, Désirée Nick, Sarah Connor, Claudia Schiffer, Julia Roberts, Naomi Campbell, Gerhard Schröder an d'Angela Merkel.