D'Gewënnzuele vun der Euro-Millions-Zéiung vum 20. November 2020 sinn: 28 / 29 / 39 / 48 / 50 mat de Stäre 5 a 7.

E Freideg den Owend hat nees keng Persoun déi fënnef Zuelen an déi zwee Stäre richteg.

6 Persoune konnte sech mat fënnef richtegen Zuelen an engem richtege Stär awer iwwer 209.127,70 Euro freeën.

7 Persounen hate fënnef Zuel richteg. Fir si gëtt et nach 41.894,20 Euro.

Fir d'Zéiung vum 24. November si viraussiichtlech 143 Milliounen Euro am Jackpot.

Kontrolléiert hei Är Zuelen!