"Deepspot" ëmfaasst mat sengen nogebaute Maya-Ruinen an engem Schëffswrack 20 Mol esou vill Waasser wéi en duerchschnëttlecht 25 Meter laangt Becken.

Eng Spillplaz fir Waasserraten an Hobbytaucher mat senge 45,5 Meter Déift. Domat kënnt d'Montegrotto Terme am Norde vun Italien elo op déi 2. Plaz am Guinness vun de Weltrekorder. Laang wäert d'Becken a Polen awer net Spëtzereider bleiwen, well a Groussbritannien soll nächst Joer d'"Blue Abyss" opgoe mat enger Déift vu ganzer 50 Meter.

Anescht wéi déi gewéinlech Schwämmen dierf "Deepspot" trotz Corona-Restriktioune Leit empfänken, well et en Trainingszentrum ass a Coursen ugebuede ginn. Ënnert anerem Pompjeeën an d'Arméi kréien d'Becken zur Verfügung gestallt.

2 Joer Bauzäit a 5.000 Kubikmeter Bëtong goufe gebraucht, fir dat déifsten Taucherbecke vun der Welt ze bauen. De Käschtepunkt läit bei 8,9 Milliounen Euro.