Fir den Awunner vum Shedd Aquarium trotz Fermeture en usprochsvolle Programm unzebidden, kruten d'Pinguinen d'Geleeënheet, sech e Stadion unzekucken.

Fir genau ze sinn: Den Heemechtsstadion vun den Chicago Bears an Chicago Fire. D'Pinguinen Tombo, Charlott, Izzy an Darwin kruten en eemolege Bléck hannert d'Kulissen ugebueden, duerften ënnert anerem an d'Vestiairë vun der Futtballsekipp Chicago Fire an hunn och den Terrain vum Soldier Field dierfte genau ënnert d'Lupp huelen.

An engem Video ass ze gesinn, wéi déi 4 Magellan-Pinguine kaum ze bremse si wärend hirer Visitt. De Stadion zu Chicago huet jo och eng Partie interessant Plazen ze bidden! Wann dat keng Ofwiesslung vum monotonen Alldag ass... Fir dass sech déi 4 trotz zouenen Dieren net ze vill langweile sollen, gi si ëmmer nees op kleng Aventurë geschéckt. Am Mee duerfte si beispillsweis de Beluga-Wal am Aquarium besiche goen. Am Juli hate si e Rendez-vous am Dinosaurier-Musée.

An am November gouf et e kuerzen Ausfluch an de Kino. Do huet keen normale Sall op si gewaart, mä e 4-D-Raum fir ze entdecken.