Ob um Radio oder op Streaming-Déngschter: Ee Lidd leeft net just op Chrëschtdag, mä och scho virdrun erop an erof: "Last Christmas".

Fir déi eng Leit ass dëst Lidd den Optakt vun der schéinster Zäit am Joer. Soubal den Hit vu Wham! um Radio leeft, gëtt een nämlech drun erënnert, dass Chrëschtdag virun der Dier steet. Fir déi aner ass et eng Plo... ëmmer nees déi selwecht Zeilen, ëmmer nees déi selwecht Melodie... an dat zanter elo 34 Joer!

Fir e bëssen Ofwiesslung suergt dëse Wanter eng ganz speziell Versioun vun "Last Christmas". Wärend engem Mount konnten Nolauschterer gesongen Textzeile vum Lidd beim Radiosender Eldoradio eraschécken an Deel vun enger Lëtzebuerger Versioun vum Kult-Hit ginn.

Wéi sech d'Resultat unhéiert? Dovu kënnt Dir Iech hei selwer iwwerzeegen!

"Last Christmas"