Zu Washington gëtt sech schonn op de Wiessel am Oval Office virbereet, och wann den Donald Trump seng Walnéierlag nach net akzeptéiert.

Am Souvenir-Shop vum Wäissen Haus gëtt nämlech den Ament versicht, esou vill wéi méiglech Geschenk-Artikele vum Republikaner ze verkafen. Kuerz viru Chrëschtdag an dem Muechtwiessel ginn ënnert anerem Kapen, Mutzen, Spéngelen an Trump-Chrëschtdagsdekoratioun fir bëllegt Geld verkaf. Dat mellt d'US-Promiportal TMZ.

Fir dass d'Regaler am Buttek net sollen eidel bleiwen, gouf och scho gesuergt. Et gëtt sech fläisseg op den Joe Biden als nächste President virbereet. Eng Verkeeferin huet erzielt, dass ënnert anerem Petzie solle verkaf ginn, déi ausgesi wéi dem Biden seng Hënn, déi mat op Washington an d'Wäisst Haus plënnere wäerten.