Ëmmer nees goufe Witzer op Käschte vun dem 100-Awunner-Duerf "Fucking" gemaach. Domat soll elo Schluss sinn.

Mam Joreswiessel sollen nei Zäiten op den Touristen-Hotspot, ronn 350 Kilometer westlech vu Wien, duerkommen: "Fucking" wäert nämlech a "Fugging" ëmbenannt ginn. Dëst gouf wärend enger Gemengerotssëtzung decidéiert, huet d'Buergermeeschtesch vun Tarsdorf confirméiert.

Ëmmer nees hu sech Leit an der Vergaangenheet iwwert den Numm lëschteg gemaach. Deels sinn Touriste vu wäit ewech ugereest, fir e Selfie mam Uertsschëld ze maachen.

Ob dëse Wiessel duergeet, fir dass déi obszön Witzer op en Enn ginn? Dat wäert sech 2021 wuel weisen...