Dëst gëllt besonnesch fir déi Déieren, déi an der Fleegestatioun iwwerwanteren an eréischt am Fréijoer fräigelooss ginn.

Fir déi Igelen, Gaardeschléifer a Siweschléifer, déi virum Wanter nach ze jonk waren oder nach net schwéier genuch waren, fir erëm an d’Natur erausgelooss ze ginn, sinn Iwwerwanterungsméiglechkeete gebaut ginn.

Am Allgemenge kënnen déi Leit, déi et wëllen, den Déieren och Méiglechkeeten ubidden, fir sech an hirem Gaart ze verstoppen, wéi zum Beispill en Haischen fir en Igel. D’Fleegestatioun proposéiert, datt een de Gaart och kann esou natierlech wéi méiglech loossen. Elo kann een zum Beispill d’Blieder an d’Äscht, déi erofgefall sinn, leie loossen.

Wann een en Déier fënnt, dat entweder verletzt oder krank ass, da ginn et puer Méiglechkeeten, wou een et kann ofginn. D’Fleegestatioun zu Diddeleng ass bis Mäerz all Dag op vun 8.00 bis 17.00 Auer, vun Abrëll bis September ass esouguer bis 20.00 Auer op. Dann ass och eng Drop-off-Statioun niewent der Fleegestatioun, déi 7 Deeg op 7, 24/24 Stonne accessibel ass. Do kann een dat respektiivt Déier an eng Transportbox leeën. Esou bal d’Fleegestatioun dann erëm op huet, gëtt et dann dohinner bruecht. Am Recht vum Land ginn et nach esou Drop-off-Statiounen zu Klierf, zu Jonglënster an zu Nidderfeelen. D'Déiere ginn duerno vun de Fräiwëllege vum Wëlldéierentaxi an d’Fleegestatioun op Diddeleng bruecht. Wann een net selwer bei eng Drop-off-Statioun fuere kann, da besteet och d’Méiglechkeet, datt esou e fräiwëllege Mataarbechter d'Déier bei e siche kënnt.

D’Zil vun der Fleegestatioun ass et, déi wëll Déieren erëm auszewëlderen, wann se sech vun hiren Verletzungen oder hire Krankheeten erholl hunn. 2019 ware 70% vun den Déieren, déi an der Statioun opgeholl gi sinn Vigel. Do war vum klenge Spatz bis zum Uhu alles mat dobäi. 25% vun den Déiere si Mamendéieren, zum Beispill eng kleng Wullmaus, e Fuuss oder e Réi. Déi rechtlech 5% sinn exotesch Déieren, Reptilien an Amphibien. 1988, dat éischt Joer wou d’Fleegestatioun seng Dieren opgemaach huet, goufen 83 Déieren opgeholl. Dëst Joer sinn et der bis elo 3.650.

Den Ament sinn niewent villen Dauwen, Igelen, eng grouss Eil, ee Schwan an ënnert anerem och eng kleng Bëschkaz an der Statioun. Esou eng Bëschkaz ass ganz schei a si ass brong-schwaarz getigert. Wa se elo eng aner Faarf huet, da kann een als Laien erkennen, datt et sech héchstwarscheinlech net em eng Bëschkaz handelt. Nëmmen en DNA-Test ka sécher confirméieren oder ausschléissen, ob et esou eng Kaz ass, eng Hauskaz, eng verwëldert Kaz oder eventuell eng Hybrid-Kaz. Déi kleng Bëschkaz, déi den Ament zu Diddeleng ass, gëtt nom Wanter ausgewëldert. Konditioun ass, datt se ganz selbstänneg muss sinn.

Am Allgemengen, muss een Déier, dat erëm fräigelooss gëtt, net nëmme selbstänneg, mä och gesond a fit sinn. Et muss an der Natur eens ginn: et muss all seng Sënner kënne gebrauchen, et muss joe kënnen a flüchte kënnen. Et däerf och net zevill zoutraulech vis-à-vis vun de Mënsche sinn. En Déier gëtt ageschléifert, wann et all déi Krittären net erfëllt an dowéinst an der Natur net iwwerliewe kann. Déieren, déi net vun hei sinn oder exotesch Déieren, bleiwen zu Diddeleng an der Statioun bis fir si en Déierepark fonnt ginn ass. Et ginn och exotesch Déieren, wéi Schlaangen zur Adoptioun fräiginn.