Net nëmme fir Tennis-Fans aus aller Welt ass d'Naomi Osaka e Star, mä elo gëtt d'Japanerin och nach d'Heldin an enger Manga-Serie.

Dës ass vun Enn Dezember un an der Zeitung "Nakayosi" ze gesinn, wéi d'Osaka op Twitter matgedeelt huet. Dës Zeitung riicht sech virun allem u jonk Meedercher. De Projet gouf mat hirer eelerer Schwëster Mari zesumme realiséiert.

"Wéi mir opgewuess sinn, war d'Liese vu Mangaen an d'Kucke vun Zeechentrickserien eppes, wat meng Schwëster a mech immens zesummebruecht huet. De Projet ass also wierklech opreegend fir eis zwee." erzielt d'Naomi Osaka.