De Lëtzebuerger Futtballnationalspiller huet e Bouf mat senger Frëndin Olga Ianchuk kritt.

D‘Ianchuk ass eng 25 Joer al ukrainesch Tennisspillerin. Si war eng Kéier d‘Nummer 213 an der Weltranglëscht, aktuell steet si op der 704, an huet bis elo 11 ITF-Tournoien gewonnen.

De 25 Joer ale Rodrigues ass jo zanter der leschter Saison bei Dynamo Kiev ënnert Kontrakt, spillt mam Veräin aus der ukrainescher Haaptstad och Champions League, an hat bis elo 31 Mol den Trikot vun de Roude Léiwen un.