Dobäi handelt et sech ëm Vëloen, déi een zu Paräis léine kann. Deemno wéi hei zu Lëtzebuerg de Vel'oh.

Zwee engagéiert Fëscher hu mat Hëllef vun engem staarke Magnéit 52 där Vëloen aus engem Kanal um Bord vu Paräis gefëscht.

Eleng an der éischter hallwer Stonn hate si schonns 20 Vëloen erausgezunn. Ronn 15 Vëloe waren nach net laang am Waasser a kënnen nees genotzt ginn.

De Clement Charret a säi Kolleeg Enzo hunn et sech zur Aufgab gemaach, d'Kanäl vun der franséischer Haaptstad propper ze maachen.