Kimchi, Kombucha, Ramen, Onigiri: Dat sinn Ausdréck, déi asiatesch Liewensmëttel oder Plate bezeechnen.

Wat ee soss just wärend Reesen an Asien konnt genéissen, fënnt een elo och bei eis an de Supermarchéen oder Restauranten. An net nëmmen dat, dës Produite ginn et och zënter kuerzem hei am Land produzéiert. Kimchi ass en traditionelle koreanesche Plat, deen haaptsächlech als Bäilag bei all Moolzecht giess gëtt. Et gi verschidden Zorte Kimchi, mee meeschtens besteet en aus kleng geschniddenem Kabes, Geméis an Chilli, déi gemëscht a fermentéiert ginn.

© RTL Télé Lëtzebuerg

Kombucha ass e kaalt Gedrénks, dat duerch d’Fermentéierung vun engem geséissten Téi hiergestallt gëtt. Fir den Téi ze vergären, gëtt e spezielle Kombucha-Pilz an d’Flëssegkeet geluecht.

© RTL Télé Lëtzebuerg

Ramen sinn eng Aart vu japaneschen Nuddelen. Si ginn traditionell an engem Bouillon zesumme mat villen aneren Ingredienten zerwéiert. D’Nuddele gesinn aus wéi Spaghetti, ënnerscheeden sech awer dovunner. Doduerch, dass bei der Produktioun vum Ramen-Deeg de speziellen Ingredient Kansui benotzt gëtt, behält d’Nuddel och wa se laang an der Flëssegkeet läit hire Bëss.

Onigiri ass e japanesche Snack, deen aus Räis, enger Fëllung an engem knuspregen Algeblat besteet. D’Fëllungen variéieren a sinn emol mat Fësch oder just Geméis. Onigiri ass a Japan en traditionelle Snack fir matzehuelen, si gi bei de Famillen doheem selwer gemaach, a Restauranten zerwéiert oder industriell hiergestallt fir d’Supermarchéen.

© RTL Télé Lëtzebuerg