Esou vill Sue konnt een zanter 2004 nach ni gewannen.

5 Zifferen an 2 Stäre muss ee richteg tippen. De leschten Jackpot, deen zu Lëtzebuerg geknackt gouf, waren 28 Milliounen Euro.

Wann déi 200 Milliounen Euro net eraus ginn, bleiwe se wärend 5 Tiragen erhalen, ier se dann un déi Kategorie drënner verdeelt ginn.

Bis e Freideg den Owend 20 Auer huet een nach Zäit fir matzespillen.

Klenge Rappell: D'Netto-Resultat vun der Loterie Nationale gëtt iwwer d'Ouevre Nationale Grande-Duchesse Charlotte weider verdeelt.

Zejoert sinn esou 21 Milliounen Euro u gutt Zwecker gaangen.

Kontrolléiert hei Är Zuelen!