E geplangte Workshop, bei deem Dildoen aus Keramik sollen hiergestallt ginn, huet an Neiséiland nawell fir kontrovers Reaktioune gesuergt.

Well si wéinst wéinst dem Workshop gemobbt an am Internet beleidegt ginn ass, huet d'Keramikerin Nicole Gaston hiert Amt als éierenamtlech Presidentin vun der Poterie-Vereenegung zu Wellington opginn. Si kéint d'Kritik net novollzéien: "E puer vun den eelste Keramik-Aarbechten, déi jee fonnt goufen, weisen de Phallus."

D'Hierstelle vu Keramik-Dildoe géif zanter dausende Jore praktizéiert ginn, sou d'Kënschtlerin am Gespréich mat der Noriichtenagence AFP. Dildoen aus Keramik hätt jo och gewësse Virdeeler: Si si liicht ze steriliséieren, kënne waarm gemaach ginn a géifen, am Géigesaz zu den übleche Latex-Versiounen, kee Risk vu Chemikalie mat sech bréngen.

E puer vun de Veräinsmembere gesinn et awer als onnéideg Provokatioun, en anere sot, et wier net anstänneg. Am Internet gouf si donieft als "verréckt"bezeechent. Wéinst perséinlechen Attacke wier si zeréckgetrueden.

Dobäi kennt sech déi 41 Joer al Nicole Gaston gutt aus, wann et ëm Keramik an Erotik geet. 2018 huet si de Präis fir hir Aarbecht mam Titel "Vagina Teapot" gewonnen.