D'Zuel vun den an Däitschland produzéierte Kleesercher aus Schockela ass dëst Joer ëm 1,3 Prozent op ronn 151 Milliounen zeréckgaangen.

Dat huet de Bundesverband der Deutschen Süßwarenindustrie (BDSI) matgedeelt.

De Grond, dass wärend der Pandemie manner där Kleesercher kaf ginn, ass well manner am Liewensmëtteleenzelhandel bestallt gëtt an och den Export deelweis zeréckgaangen ass.

D'Produzente vu Séissegkeeten hunn Angscht, dass d'Vente fir si, wärend enger vun de wichtegste Verkafszäite fir d'Feierdeeg dëst Joer nach méi schlecht ausfält, well d'Chrëschtmäert zou an d'Stied, respektiv d'Butteker eidel sinn. Generell géif et manner Ulass ginn, sech Kaddoen ze maachen, dat wierkt sech och op d'Schockela-Vente aus.