De Bernd Hackl ass en Trainer a Reider, deen no der Astellung "Horsemanship" lieft.

A Bayern wunnt de Bernd Hackl op senger 7-P Ranch mat senge Päerd an och den Trainingspäerd. Déi bréngen d'Besëtzer bei hien, wa Problemer mat hinnen opgetruede sinn. Fir d'éischt kuckt hie sech un, wéi e Päerd reagéiert, wann et eleng ass, sief dat op enger Wiss, an der Hal oder am Round-pen. Duerno geet hie selwer bei d'Päerd, fir deem seng Reaktiounen z'analyséieren. Falls et Problemer mam Besëtzer ginn, soll deen dann och duerno dobäi kommen. Dem Päerdsprofi fält dann dacks op, datt Päerd keng Grenze gesat kruten. Seng eege Päerd hunn all Fräiheeten, esou laang si a senge Reegele bleiwen, esou de Bernd Hackl. Duerch de Saz "Ich Chef, du nix", deen hie eng Kéier bei den "Pferdeprofis" gesot hat, huet hien e grousse Shitstorm erlieft. Dobäi wollt hie just soen, datt de Sproch an zwou Richtunge funktionéiert. Engersäits soll d'Päerd mat him zesumme schaffen an anerersäits soll hie bei eventuelle Schwieregkeeten och do si fir d'Déier.

Senger Meenung no ginn et dacks Problemer an der Kommunikatioun tëscht Mënsch a Päerd, wann de Mënsch ze vill vum Päerd erwaart. Ganz dacks, wëll de Besëtzer onbedéngt eppes erreechen, woubäi awer dat Ganzt Spaass maache soll. D'Päerd a säi Reider solle mateneen eens ginn, si sollen als Team zesummewuessen. Dem Bernd Hackl säi Päerd Fips ënnerstëtzt hien, wa méi schwiereg Päerd op d'Ranch kommen. De Fips mécht dobäi seng Aarbecht a säi Chef ka sech op hie verloossen. Eng gutt Méiglechkeet, fir d'Relatioun tëscht Mënsch an Déier ze stäerken, sinn déi Extreme Trail Parken. Do ginn et Hindernisser, wéi Hiwwelen, déi mam Bagger opgeschott gi sinn. Et kann een dem Päerd dann Aufgabe ginn, als Éischt vum Buedem aus an duerno dann um Réck vum Päerd. Dëst kann de Bernd Hackl nëmme recommandéieren.

© Zauberwaldfoto

Dem Päerdsprofi seng Astellung ass déi vun Horsemanship. Dëst sollt een och am Allgemengen a säi Liewe mat abréngen. Hien erkläert dat mat Päerd, Mann, Schëff. Zesumme versicht een eng Léisung ze fannen, mat engem Teamchef, an dësem Fall de Mënsch. Wann een no dëser Opfaassung lieft, dann ass ee kapabel, an enger Ekipp ze schaffen.

Et ass wichteg, datt de Mënsch dem Päerd nolauschtert. Domat wëll de Bernd Hackl soen, datt ee soll rausfannen, ob d'Päerd sech wuel fillt, ob et sech entspane kann. Ass een de richtege Chef fir säin Déier? Huet een alles am Bléck? Do kënnt et net drop un fir erauszefannen, wisou e Päerd grad seng Oueren no hanne leet oder grad de Kapp dréit. Dat sinn awer déi Froen, déi de Päerdsprofi dacks gestallt kritt. Hie lieft nom Motto "follow the feel", also engem Gefill nogoen. Hie seet, et ass ëmmer ee vuneneen, zouenee fillen. Et hänkt och dovun of, wéi dem Päerd säi Charakter ass, wéi ee mat him ëmgoe soll. Vill Trainingspäerd, déi bei hien op d'Ranch bruecht ginn, sinn entweder vill ze vill selbstbewosst an dominant, oder si musse fir d'éischt erëm opgebaut ginn.

De Bernd Hackl wënscht sech, datt d'Leit am Allgemenge méi fair a méi verständnesvoll géintiwwer de Päerd reagéieren. Si sollen dem Päerd am Training d'Zäit loossen, fir eppes ze léieren. Si sollen alles a klenge Schrëtt maachen a virum allem ouni Drock. Et soll sech net eng Situatioun entwéckelen, wou e Päerd sech net méi traut ze reagéieren, esou de Bernd Hackl.

Méi Informatiounen doriwwer kann een och am Webinar vum Bernd Hackl nächst Woch gewuer ginn.

© Zauberwaldfoto