Wéi vill Diamante kritt een op ee Rank? Déi Äntwert huet d'Guinness Buch vun de Rekorder: Et sinn der 12.638.

Dëse Rekord huet den Harshit Bansal, Grënner vu Renani Jewels zu Meerut an Indien, opgestallt mat sengem Rank, deen hien am Dezember d'lescht Joer kreéiert huet.

De Rank "Marigold" oder och "The Ring of Prosperity" mécht sengem Numm dann och all Éier. Um Blumme-Design sinn net manner wéi 12.638 natierlech Diamante vu 38,03 Karat erëmzefannen. Guiness World Records huet nogezielt.

Den ale Rekord louch bei engem Rank mat 7.801 Diamanten. Dee gouf iwwregens och vun engem indesche Bijoutier opgestallt.