20 Kandidaten hu sech der Jury gestallt mat hiren neie Geschäftsiddien, mam Dram vun hirer neier Entreprise.

D'Jury hat hire Choix getraff an déi 9 beschte koumen an d'Finall. 3 Kandidaten hunn d'Success Story 2020 gewonnen.

Genee 12 Méint méi spéit geet RTL kucken, wat aus dësen 20 Kandidaten ginn ass. Wou sinn hir Projeten drun? Ween huet seng Iddi a Realitéit ëmgewandelt? Wien huet dem Virus Stand gehalen? Wien huet dovunner profitéiert a wien ass ënnergaangen?

20 Kandidaten, 20 Existenzen, 20 Geschichten. D'Success Story hëlt Iech mat bei d'Emotioune vu kreative Mënschen, déi de Wee vun der professioneller Onofhängegkeet gewielt hunn, de Wee vum Independant, deen net ëmmer einfach ass, besonnesch an dësen Zäiten.

1. Kandidat

"Spürnasenarbeit" vum Jacqueline Körfer

Si ass den Doyen vun der Success Story 2020. Si ass déi 2. Gewënnerin aus dëser Editioun. Hire Projet ass et, en Ausbildungszenter opzemaache fir Hond a Meeschter, déi am Aarten- an Naturschutz kënnen hëllefen.

Beispiller:

En Hond ka Borkenkäfer mat senger Nues richen an déi Beem detektéieren, déi befall sinn.
En Hond ka Bettwanze richen, Milimeter kleng Parasitten, déi sech an de Schlofplaze vum Mënsch breet maachen.
En Hond ka Johanneskraut an enger Wiss richen an detektéieren. Eng gëfteg Planz fir Päerd.
En Hond kann och Feier Salamander richen, fir e Bestand vun dëser Aart an enger Géigend ze maachen.

Am Januar a Februar all Owend am Magazin op der Tëlé: 1 Kandidat, eng Geschicht!