D'Gewënnzuele vun der Euro-Millions-Zéiung vum 5. Januar 2021 sinn: 12 / 34 / 37 / 38 / 42 mat de Stären 1 an 3.

Ëmmerhin hu 4 Persoune just 1 Stär gefeelt, fir den Jackpot ze knacken. Si hunn alleguer eppes iwwer 131.000 Euro gewonnen. E bësse kuriéis ass awer, datt net nëmme keng Persoun 5 Zuelen a 2 Stäre richteg hat, ma och datt keen "just" déi 5 Zuelen ouni Stär richteg hat.

Fir d'Zéiung vum 8. Januar si viraussiichtlech 30 Milliounen Euro am Jackpot.

Kontrolléiert hei Är Zuelen!