Wiederphenomener, Héich- an Déifdrock oder och Stierm hunn dacks ongewéinlech Nimm, al däitsch Nimm. Dat wäert sech dëst Joer änneren.

2021 gi bei eisen däitschen Noperen Déifdrockgebidder wéi Siegbert, Ulf, Quirin erwaart oder en Héichdrock mam Numm Lioba, Walpurga oder Rosamunde. Och nees vertrueden Silvi a Peter. Eppes fält op: et sinn traditionell, ganz al däitsch Nimm.

Dat ass och dem Veräin "Neue Deutsche Medienmacher:innen" opgefall. Gutt fanne si dat net onbedéngt, schliisslech hätte ronn 26% vun den Däitschen e Migratiounshannergrond an déi meescht heeschen haut och net méi Walpurga oder Siegfried.

Zeréckzeféieren ass d'Verginn vun den Nimm duerch eng Aart Feeler am System. En Héich- oder Déifdrockgebitt kann all Bierger duerch e Parrainage iwwerhuelen, an dat kascht. Dat weess allerdéngs net all Mënsch a ka sech och net jidderee leeschten.

De Veräin "Neue Deutsche Medienmacher:innen" huet 14 där Parrainagen iwwerholl, mat der Iddi d'Meteo méi diversifiéiert ze gestalten. Et wier e symbolesche Schratt. Wichteg wier et, dass d'gesellschaftlech Vilfalt endlech Normalitéit gëtt, sou d'Comitéscheffin vum Veräin, Ferda Ataman.

An deem Sënn wäerten dëst Joer nieft dem Ulf an dem Silvi, och Héich- an Déifdrockgebidder mam Numm Ahmed an Hakim, Dragica a Chana opdauchen.