An der chineesescher Stad Harbin erwaarden d'Visiteure gefruere Landschaften, déi un e Märchen erënneren.

Beliichten Tierm, Labyrinther aus Schnéi a grouss Äisbléck a Form vu Palaise sinn d'Haaptattraktioune beim chineeseschen Äis-Festival. Zanter Joren zitt et Grouss a Kleng an d'Stad Harbin, fir sech vun den eemolege Kreatiounen aus Äis a Schnéi verzauberen ze loossen.

Well et ëmmer nees zu klenge Corona-Ausbréch an Deeler vum Land koum, huet d'Ouverture missen op en Dënschdeg verréckelt ginn. Scho Wochen am Viraus hunn d'Virbereedungen ugefaangen. Mataarbechter hu Millioune Kubikmeter Äis aus dem Floss Songhua erausgeschnidden.

© AFP/STR

Fir d'Sécherheet vun de Besicher ze garantéieren, mussen d'Leit eng Contact Tracing App op hirem Smartphone installéieren a virweise kënnen. Donieft kréie si beim Agang d'Temperatur gemooss.

Mat Bléck op d'Olympesch Wanterspiller zu Peking gëtt China den Ament vill Geld aus, fir den Tourismus an der Regioun ze fërderen. Eleng d'Unzuel u Plazen, wou Wantersport bedriwwe gëtt, huet sech an de leschten 10 Joer vervéierfacht.

© AFP/STR