Medieberichter no sinn d'Kim Kardashian an de Kanye West an enger handfester Kris. Si géifen zanter Méint getrennt liewen.

Wéi "NBC News" mellt, géif d'Koppel sech berode loossen, fir hir Bezéiung ze retten. De Sender berifft sech op eng Quell aus dem Ëmfeld vun der Famill. Och aner Medien hu scho bericht, dass de Reality-Star Kim Kardashian sech scho géing drop preparéieren d'Scheedung unzefroen.

Bei der Berodung géif et ëm reegelméisseg Bezéiungstheme goen, zitéiert NBC News hir Quell. An de leschte Méint hätt den 43 Joer ale Kanye West am US-Bundesstaat Wyoming gelieft, seng 40 Joer al Fra an déi 4 gemeinsam Kanner wieren a Kalifornien bliwwen.

D'Koppel hätt schonn iwwer eng Scheedung geschwat, nach wier awer näischt ugefrot.

D'Kardashian an de West hate sech am Mee 2014 bestuet. Zesumme hu si wéi gesot 4 Kanner: De 7 Joer alen North, de Saint (5 Joer), de Chicago (2 Joer) an de Palm vun 19 Méint. An de leschte Jore gouf ëmmer nees iwwer Krisen am Bestietnes vun der Koppel spekuléiert.