D'Onroue an den USA de 6. Januar virun an am US-Kapitol waren alles anescht wéi witzeg, ma ee Verglach suergt op de soziale Reseauen awer fir Schmunzelen.

Dee fir seng geckeg Hitt a Kappbedeckunge bekannte Frontmann vun der brittescher Band "Jamiroquai" Jay Kay war NET mat Pelzmutz a Büffelhare mat dobäi, wéi d'US-Kapitol gestiermt gouf. "E puer vun iech denke vläicht, dass dir mech lescht Nuecht zu Washington gesinn hutt. Awer ech fäerten, ech war net bei deene Freaks", sou den 51 Joer ale Sänger en Donneschdeg an engem Videomessage op Twitter.

Beim Ustuerm op d'Kapitol hat e Mëttwoch virun allem ee Mann vill Opmierksamkeet kritt. Hie war mat plakegem Uewerkierper, bemooltem Gesiicht, Pelzmutz a Büffelharen houfreg virun der Kamera ze gesinn. D'Medie weltwäit ware voll vu senge Biller. Vill User an Online-Netzwierker hunn eng Ähnlechkeet mam Jay Kay gesinn, well d'Silhouette mat den Haren nawell ganz staark un de Logo vun der Jazz-Funk-Band erënnert.

Hien hätt zwar Kappbedeckunge gär, awer manner dës "Aart vun Ëmgang", sou de Sänger op Twitter. Den US-Medien no handelt et sech beim passionéierten Trump-Fan mat den Haren um Kapp a Wierklechkeet ëm den Jake Angeli, e bekannte Supporter vun den ultrarietse Konspirationisten "QAnon".

Aktuell suergen awer och vill Memes an dëser dach u sech däischterer Stonn an der US-Geschicht fir Schmunzelen, an där op d'Ähnlechkeet mam Jay Kay opmierksam gemaach gëtt.