E Freideg ass et am Live! Planet People ëm Musek, de Motorsport an e schwéiert, ma och interessant Joer 2020 gaangen.

De Kiko Menichetti vu Zero Point Five weist säin Corona-Joer mat der Band an engem Documentaire. Dobäi hat 2020 sou gutt fir d'Grupp ugefaange.10 Joer gehéiere se elo net just zu Lëtzebuerg zur Musekszeen. No der Release am Februar an der Rockhal an enger Tournée duerch Däitschland, stoungen am Prinzip nach Europa an d'USA um Plang. "Make it count",d een een op Youtube ka kucken, ass eng kleng Entschiedegung fir d'Fans, déi déi schéin Momenter vun de leschte 12 Méint dokumentéieren. Hei gesäit een och, wéi se mat "En Owend am Quartier" kreativ gi sinn.

De Rallye-Pilot Grégoire Munster ass déi nei Lëtzebuerger Hoffnung a freet sech drop, Gas ze ginn. Mat sengen 22 Joer ass en zwar eréischt d'lescht Joer Junior-Pilot vun Hyundai Motorsport ginn, mä direkt um Enn vun der Saison konnt hie bal déi komplett europäesch Elite hannert sech loossen. Am Kader vun der Rallye-EM ass de Fils vun engem Belsch an enger Lëtzebuerger Mamm an Ungarn op eng impressionnant zweet  Plaz am General gefuer an däerf sech elo Vize-Junior-Europameeschter nennen.

Dass de Muntu vun Housen op Berlin geplënnert ass, huet sech fir de Sänger scho laang rentéiert. Hei schafft de Sänger, Rapper a Songwriter zesummen mat Nimm wéi Samra, Kool Savas an Capital Bra.

Op Spotify lauschteren d'Leit seng Lidder wéi geckeg. "Never" ass eleng méi wéi 1.500.000 mol gelauschtert ginn a säin aktuelle Video heescht "Little Minds". Och 2021 huet fir hien nees mat vill Aarbecht ugefaangen. Dëse Weekend huet hien eng Session zu Basel.