D'Serie mam Numm "John Dillermand" kënnt virun allem bei de Kanner an Dänemark nawell gutt un, ma trotzdeem gëtt kontrovers driwwer diskutéiert.

Den John Dillermand kann ënnert anerem fléien, um Waasser fueren, sprangen, e Lasso schwéngen, de Grill umaachen oder Saache gräifen, respektiv unhalen, an dat eben mat sengem rout-wäiss-gesträifte beschte Stéck.

Et kléngt alles wéi e abszöne Witz, ma ass tatsächlech zënter kuerzem de Stoff fir eng dänesch Kannerserie, déi zënter deem et se elo gëtt, e risege Succès ass.

Et gëtt praktesch näischt, wat de Charakter an der Serie net mat sengem Genital maache kann, huet awer bei ville Leit deels entsate Gesiichter ausgeléist. Wéi den ëffentlech-rechtleche Sender DR matdeelt, géif d'Serie tatsächlech zënter Kuerzem am dänesche Kannerprogramm lafen a wier fir Kanner tëscht 4-8 Joer geduecht.

De Sujet ass virun allem dowéinst sou kontrovers, well een natierlech an der Serie net wierklech e anatomesch korrekt männlecht Geschlechtsdeel gesäit, mä éischter eng laang rout-wäiss Schnouer, déi och nach schlecht am Stop-Motion animéiert ass a vill Leit éischter un de Schwanz vum "Marsupilami" erënnert. An dach, stellt dës "Schnouer" awer ganz kloer d'Geschlechtsdeel vum John Dillermand duer, deen dëst wéi gesot fir praktesch alles asetze kann an ëm dat sech d'Serie selwer och dréit. "Dillermand" steet vum däneschem iwwersat iwwregens ëmgangssproochlech fir "Penis".

Ënnert anerem de Christian Groes vun der Universitéit Roskilde huet dem "The Guardian" gesot, dass dës Serie d'Virstellunge vun enger patriarchalescher Gesellschaft oprecht erhale géif a géif dat "schlecht Verhale" vu Männer sou en Deel entschëllegen. Et misst ee sech och froen, op dëse Message un d'Kanner, an Zäite vu #MeToo, wierklech ubruecht ass, esou nach d'Schrëftstellerin Anne Lise Marstrand-Jørgensen.

Vu Säite vun der dänescher Kanner- a Famillje-Psychologin Erla Heinesen Højsted kommen awer aner Téin an hëlt d'Serie a Schutz. Den John Dillermand géif mat de Kanner schwätzen an och hir Denkweis deelen, dobäi kéim, dass Kanner Genitalien an alleréischter Linn einfach just witzeg fannen. De Serienheld géif och d'Verantwortung iwwerhuele fir seng Handlungen oder wann e mol eng Grenz vun him iwwerschratt gëtt. "Wann eng Fra an der Serie dem John Dillermand zum Beispill seet, dass e säi Penis an der Box loosse soll, da lauschtert hien dorop mécht hien dat och. Dat ass gutt sou."

Den dänesche Sender (DR) selwer huet sech dann och schonn zu Wuert gemellt a betount, dass si och hätte kéinten eng Serie maachen "iwwert eng Fra, déi keng Kontroll iwwert hir Vagin huet". Ma dat hätt een net sou gutt kéinten animéieren.

Hei kënnt der Iech d'Episoden alleguerten um offizielle Site vum dänesche Sender DR ukucken.