Beim Spadséieregoe mat hirem Hond hat eng Fra eppes am Bulli gesinn, wat si un eng déck Zéif erënnert huet an huet Direkt d'Police alarméiert.

D'Beamte vum Duerf Winlaton koumen e Freideg dunn op d'Plaz, fir d'Situatioun ze analyséieren, nodeem d'Fra de Beamte souguer Fotoe geschéckt hat. D'Police hat Spezialisten an en Hond op d'Plaz geschéckt, déi awer hu misste feststellen, datt déi déck Zéif näischt anescht war, wéi eng Gromper mat engem Champignon.

Obwuel d'Poliziste mat ville Leit quasi fir näischt op d'Plaz koumen, hu si d'Reaktioun vun der Fra gelueft. Wann een eppes gesäit, wat engem verdächteg virkënnt, soll een ëmmer d'Police ruffen, heescht et vun de Beamten. Sollt et da wierklech, wéi an dësem Fall just Geméis sinn, ass dat "e Leckerli fir d'Policemuppen".