Pénktlech fir déi nei Amtszäit bréngt d'Zäitschrëft en neie Cover mat der zukünteger Vizepresidentin eraus... deen net iwwerall Zoustëmmung fënnt.

Et gëllt ass eng grouss Éier, wann ee fir d'Titelblat vun der "Vogue" ofgeliicht gëtt. Virum Kamala Harris goufen och d'Michelle Obama oder d'Hillary Clinton fir e Fotoshooting agelueden a koumen op déi alleréischt Säit vun der bekannter Zäitschrëft.

An awer gëtt den Ament weltwäit iwwert d'Foto vun der zukünfteger US-amerikanescher Vizepresidentin diskutéiert. Et hätt ee sech net op déi Foto gëeenegt gehat, déi op der Titelsäit ze gesinn ass. D'Kamala Harris gëtt do nämlech mat engem éischter lässegen Outfit duergestallt: Hir Converse-Turnschlappe stiechen direkt an d'A. En Outfit, dat si wärend hire Walkampf-Optrëtter heiansdo unhat.

Op der Foto, op déi de Choix soll gefall sinn, hätt d'Harris allerdéngs e bloe Blazer un, schreift d'Noriichtenagence Associated Press. Den Hannergrond wier goldfaarweg a si hätt eng Spéngel mat engem amerikanesche Fändel un hirem Paltong befestegt.

Vun der "Vogue"-Redaktioun heescht et, dass si sech fir déi méi informell Variant entscheet hätten, well se méi "authentesch" wier, e Markenzeeche vun der Biden-Harris-Regierung.
An der digitaler Ausgab wäerten awer béid Covere publizéiert ginn, sou nach d'US-Moudenzäitschrëft.

Eng vu villen internationale Kriticke koum vum Charlotte Clymer. D'Aktivistin ass der Meenung, dass d'Foto mësslonge wier. De "WOW-Effekt" géing feelen an dat wier "respektlos" géintiwwer der nächster Vizepresidentin.