Nout mécht erfinderesch. Eng kanadesch Koppel wollt sech net tëscht 20 a 5 Auer doheem aspäre loossen an hat eng éischter onkonventionell Iddi.

Laang gefaxt huet d'Police am kanadesche Quebec net, wéi se déi 24 Joer jonk Fra an hire 40 Joer ale Partner wärend der Ausgangsspär dobaussen entdeckt hunn. Dass de Mann un der Léngt war a si "mat hirem Hond" géing trëppele goen, huet do och net als Excuse gehollef.

A Kanada gëllt de Couvre-feu wärend 4 Wochen tëscht 20 a 5 Auer. Ënner anerem dierf een awer mat sengem Hond eraus, an direkter Ëmgéigend vu sengem Doheem. Bei aller Léift, den eegene Mann un der Léngt ausféieren, dat hunn d'Beamten dann trotzdeem net duerchgoe gelooss.

Wéi d'Police weider bericht, hätt d'Koppel fir d'Reaktioun kee Versteesdemech gehat, d'Strof vun ëmgerechent bal 1.000 Euro pro Persoun géife si awer "gär" bezuelen a weider Protokoller fir Verstéiss géint d'Corona-Reegele sammelen.

Affaire à suivre...