Et war keng Rave-Party, mee en u sech harmlose Kannergebuertsdag. Ma och déi sinn de Moment an Däitschland net erlaabt.

D'Police zu Hameln huet missen e Kannergebuertsdag mat 30 Invitéen opléisen. Fir vun de Beamten net entdeckt ze ginn, hat sech eng Fra mat 5 Kanner am Buedzëmmer agespaart, anerer hu sech a Schief verstoppt. Gehollef huet et net.

Noperen hate sech en Dënschdeg iwwer ze vill Kaméidi bei der Police beschwéiert. A wéi och bei Verstéiss géint heemlech Partyen an der Nuecht, goufen déi 15 erwuesse Persoune protokolléiert. Si waren net just zu ze vill Leit beieneen, se hu sech och net un d'sanitär Reegele wéi Distanzen anhalen an d'Maskeflicht gehalen.