U sech ass et e lukratiivt Geschäft: En Däitschen hat an eng digital Wärung investéiert a sech ronn 7.000 Bitcoins geséchert.

Grad elo, wou de Wäert vun de Bitcoins enorm geklommen ass, hätt et sech gelount, dës anzeléisen. Wéi de Stefan Thomas der Zeitung "New York Times" erzielt huet, kéint hie sech net méi un d'Passwuert vu sengem digitale Portmonni erënneren. Dëst hätt hien op e Blat geschriwwe gehat, dat verluer gaangen ass.

Hien huet schonn 8 Mol probéiert, sech anzeloggen, mä ni ass et him gelongen. Wann hien dat falscht Passwuert nach 2 Mol agëtt, gëtt den Zougang zur Festplack endgülteg gespaart an den Inhalt verschlësselt. An anere Wierder: Déi 7.000 Bitcoins, déi e Wäert vu ronn 220 Milliounen Euro hunn, wiere fort.

De Stefan Thomas ass net den eenzegen, deem dëst Ongléck widderfuer ass. Kryptowärungsanalyste vu Chainalysis schätzen, dass vun den 18,5 Millioune Bitcoins, an déi investéiert gouf, ronn 20% vergiess goufen oder an digitale Portmonnie leien, déi net méi zougänglech sinn. Dat schreift d'New York Times an hirem Artikel. Déi meescht dovu stamen aus der Fréizäit vun dëser Kryptowärung.

Mëttlerweil huet hie seng Festplack op eng sécher Plaz bruecht. Vläicht fënnt hien iergendwann eng Méiglechkeet, sech anzeloggen oder erënnert sech jo awer un d'Passwuert.