Dat war keng kuerz Rees, déi eng Dauf aus den USA hannert sech bruecht hat, nodeems si hallef erhéngert am australesche Melbourne fonnt gouf.

Ma trotz der laanger Rees vu bal 15.000 Kilometer hunn déi australesch Autoritéite keen Erbaarme mam "Joe", dee säi Spëtznumm dem neien US-President Joe Biden verdankt. D'Dauf soll wéinst de strikte Quarantän-Reegelen am Land ageschléifert ginn.

Eng Porte-parole vum Landwirtschaftsministère huet erkläert, d'Dauf wier "net gesetzeskonform fir den Import preparéiert ginn". Also wier "de sanitäre Statut vun dësem Vull an all deenen, déi mat him viru senger Arrivée a Kontakt waren, onbekannt". Et gouf donieft op de Risiko fir d'Bio-Sécherheet, déi australesch Villercherswelt an déi industriell Gefligelziichterei higewisen, dee vun dëser Dauf ausgeet.

Vill Leit hu sech an den Zeitungen iwwert de Beicht vum "Joe" a senger Rees gefreet. De Kevin Chelli-Bird aus Melbourne huet erzielt, dass hien d'Dauf kuerz viru Chrëschtdag hallef auserhéngert viru sengem Haus entdeckt hat. Mat Hëllef vum Rank um Been vum Déier, hätt hien zeréckverfollegt, dass si am Oktober un engem Fluch-Concours an den USA matgemaach hat.

"Mir denken, dass si beim Fluch eng falsch Richtung geholl huet an op d'Mier erausgeflunn ass. Do muss si wuel op engem Schëff gelant sinn a bis an Australien gereest sinn. Vläicht hat den "Joe" es och genuch vum Donald Trump an huet decidéiert eng Méck ze maachen, sou nach de Kevin Chelli-Bird.