E Freideg geet et am Live! Planet People ëm Fotografie, Musek a Konscht.

De Rob Kieffer notzt d'Pensioun, fir sech mam Fotoapparat op de Spuere vun der Lëtzebuerger Geschicht ze beweegen. Als Journalist an Auteur huet hien an der Vergaangenheet vill Bicher iwwer Lëtzebuerg an déi eenzel Géigende vum Land publizéiert, wéi Echternach & Müllerthal (1995) Lucilinburhuc (1996) oder Eis Musel (1998). Hie schreift awer och fir däitsch Zeitunge wéi Die Zeit, FAZ an Welt am Sonntag an huet Reesguiden iwwer Bréissel an Tréier gemaach. Luxemburg - Eine Zeitreise huet de Fotograf zesumme mam Joseph Colbach erausbruecht.

Den Tun Biever lieft mat deenen anere Membere vun der Band "Tuys" zu Berlin, wou de Lockdown kreativ genotzt gouf, fir nei Lidder a Videoen ze produzéieren. Vu Mäerz bis Dezember hu si eng Serie Songs a Videoen ënnert dem Numm A Curtain Call For Dreamers erausbruecht. D'EP mat all de Lidder koum am September eraus. Dëse Freideg sinn "Tuys" um Eurosonic Festival, a fir den 30. an 31. Januar spille si zwee coronakonform Concerten an de Rotonden, wann alles sou leeft, wéi déi 4 sech dat virstellen.

Den Antoine Lesch ass Grafiker an Designer. Als Soin hat en Enn dës Jores säin eegne Pop Up Store a war séier ausverkaaft. Experienz gesammelt huet den 22 Joer jonke Kënschtler bei engem Praktikum am "Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean" oder der "ArtBox". Hien huet fir eng grouss Marketing Agence geschafft a war Vendeur an engem Streetwear Store zu München, bis en elo mat eiser nationaler Fluchgesellschaft e grousse Client un der Aangel hat, an och eisem Ausseminister e Sweatshirt offréiert huet.