Dëst Joer huet et net missen Ischgl sinn, fir eng Woch Schnéi. Op de Lëtzebuerger Koppe läit es genuch, fir sech auszetoben.

Wéi hei op der Fléiber, wou e Sonndeg de Mëtteg eng lass war.

Opgefall ass, dat bei munch Lëtzebuerger, de gudden ale Schlitt, mat de Joren Affer vum Klimawiessel gouf.

Vum Schlauchboot, eng opblosbar Int, iwwert d'Skateboard ouni Rieder, bis eng Piscine oder einfach eng Plastikstut... vun allem war e Sonndeg de Mëtteg ze gesinn. D'Haaptsaach et huet gerutscht a Spaass gemaach.

Puriste setzen éischter op traditionellt Material. Zum Beispill de Snowboard, deen Heiheem an den Asaz koum.

Kanner, Jugendlecher, jo souguer Erwuessener, déi häerzhaft, voller Freed laachen... dat deet gutt an dësen Zäiten.