Et ass Traditioun, dass de President, deen aus dem Amt scheet, sengem Nofollger e Bréif hannerléisst...

Obwuel den Donald Trump bei der Amtsaféierung vum Joe Biden net wollt dobäi sinn, huet hien awer dach déi eng oder aner staatsmännesch Traditioun net vergiess. Et gëllt mëttlerweil als sécher, dass den Joe Biden esou e Bréif vum Donald Trump kritt huet, ma iwwert de Contenu ass awer näischt gewosst. Souwuel den Joe Biden, wéi och aner Leit aus dem Wäissen Haus halen sech hei bedeckt.

Majo doriwwer zerbrécht sech awer am Moment d'Online Community de Kapp a kënnt mat eegene Kreatiounen, déi natierlech éischter fir ze schmunzele sinn. Zu vill Gespréich huet ee Bréif gesuergt, deen ufanks souguer net direkt als Fake erkannt gouf. Hei ass einfach just kuerz a knapp "Joe, you know i won" ze liesen, als iwwersat "Joe, du weess dass ech gewonnen hunn"

Anerer schreiwen zum Beispill am Bréif géif stoen, alleguerten d'Fernseeschaîne wiere beim Trump geläscht, ausser Fox News an hie wier dee beschte President gewiescht. En aneren User mengt, dass hie vläicht gefrot huet, fir nees säin Twitter-Account ze kréien.

D'Traditioun, fir als President sengem Nofollger e Bréif ze hannerloossen, geet zeréck op de Ronald Reagan, deen dem George H. W. Bush 1989 ganzer 7 Säite geschriwwen huet. Den Obama hat dem Trump iwwregens ënnert anerem drop opmierksam gemaach, dass e sollt sech soll drëms beméien, d'Instrumenter vun der Demokratie sou staark ze loossen, wéi en se virfonnt huet.