Trotz engem aussergewéinleche Joer, schwätzt d’Loterie Nationale an hirem Joresbilan vun 2020 vun zefriddestellende Resultater.

Euro Millions hat e gudde Start an Joer 2020, well eng Persoun aus Lëtzebuerg 28 Millioune gewanne konnt. Dëst war den drëttgréisste Gewënn, dee jee zu Lëtzebuerg ausbezuelt gouf. D'Vente vun Euro Millions sinn awer am Confinement erofgaangen, am Total goufen um Enn vum Joer 1,8 Prozent manner verkaf.

De Lotto dogéint huet esouguer ugezunn, dat ëm 4 Prozent. Dëst huet awer och domadder ze dinn, datt de Präis vun de Lousen eropgaangen ass an domadder och de méigleche Gewënn, deen am Dezember bei 45 Milliounen Euro louch.

Bei de Rubbellouse gouf et e Réckgang vu 5 Prozent. Den neie "Piccobell Xtreme" an de Succès vum "X the Cash" hunn awer dofir gesuergt, datt den Impakt vun de Kris net esou extrem war. D'Fermeture vum Horesca-Secteur dogéint hat e staarken Impakt op de Zubito. Hei sinn d'Venten ëm 35 Prozent par Rapport zu 2019 erofgaangen.

Frou ass ee bei der Loterie Nationale awer iwwert de Succès vu loterie.lu. Hei huet een 2020 23 Prozent méi Inscriptioune gehat an de Chiffre d'Affaires ass ëm 60 Prozent eropgaangen.
107 Milliounen Euro goufe via Verkeef erageholl, wat e liichte Réckgang par Rapport zu 2019 ass. 58,8 Milliounen Euro goufe bei de Glécksspiller gewonnen. Och dat ass eppes iwwer 5 Prozent manner wéi nach dat Joer virdrun.