Eng Fra huet dem Ruff vu Kanada, dat Land mat den héiflechsten Awunner vun der Welt ze sinn, all Éier gemaach.

Am Internet-Zäitalter ass et üblech, Hoteller oder Jugendherbergen online ze bewäerten. Kënne si mat frëndlechem an opmierksame Personal, engem propperen Zëmmer a guddem Iesse punkten, kréie si gären emol eng Bewäertung vu 5 Stären. No hirem Openthalt an enger Gebailechkeet zu Langford a Kanada huet eng Fra fir den ausseruerdentlech gudde Service Merci gesot. Rieds geet hei allerdéngs net vun engem Hotel, mä vun engem Prisong.

Mat 4,5 Stären huet si hiren Openthalt am Prisong bewäert an der Police eng Kaart geschéckt, fir hir Dankbarkeet auszedrécken. Virun allem de Giischtercher wéilt si Merci soen, well si eng schwéier Aarbecht hätten an dat dacks net géing unerkannt ginn.

Op der Kaart ass ze liesen, dass si ugangs immens nervös gewiescht wier, well si net wosst, wat si am Prisong erwaarde géing. Ma d'Personal wier immens "hëllefsbereet a frëndlech gewiescht". Dat hätt hir onheemlech gehollef gehat.

Et war eng positiv Iwwerraschung fir d'Police. Si kéinte sech u kee Fall erënneren, bei deem si eng Merci-Kaart geschéckt kritt hätten, nodeems si eng Persoun festgeholl hunn. "Mir waren immens beandrockt a glécklech mat eiser Bewäertung", sou d'Spriecherin vun der Police CTV géintiwwer.